Rapport AG
  • FotoHeader2
  • FotoHeader4
  • FotoHeader3
  • FotoHeader1
ZAK! - Start

January 2018
M T W T F S S
1 2 3 4 5 6 7
8 9 10 11 12 13 14
15 16 17 18 19 20 21
22 23 24 25 26 27 28
29 30 31 1 2 3 4

Rapport AG janvier 2017

La Présidente Danièle Flammang-Pauly souhaite la bienvenue aux membres de ZAK
présents et aux invités d'honneur, Messieurs Thielen et Muller de la FLMP.

Elle remercie Monsieur Hoffmann et le personnel du Blannenheem pour la mise à disposition
de la salle et souhaite une bonne année 2017 à tous.

L'ordre du jour est approuvé à l'unanimité.
Le rapport de l'AG de janvier 2016 est approuvé à l'unanimité.
La Présidente donne ensuite un aperçu des nombreuses activités de ZAK pendant l'année 2017.
Le rapport annuel a été distribué aux participants.

Les remerciements de ZAK vont aux personnes et institutions suivantes:
”Mir sinn och dëst Joer erëm generéis ënnerstëzt gin: vum Sportsministère, vum Nordstadlycée,
vun der Fondation Eté, vun der Firma Fraikin vun Déifferdeng, vun der ASBl Aide aux Enfants
handicapés, vun der Primärschoul vun Nacher, vum Institut St. Joseph vu Betzdorf am Cader
vum Schleekelaaf, a vum Ralph Diseviscour an senger Equipe, déi am Cader vum Dizzy senger
Race accross America un ons geduecht hun... iwwregens eng bewonnerswärt a beandrockend
Leeschtung!Ënnerstëtzung koum och dëst Joer erem vun der Gemeng Bartreng, vum Cactus a
vum Concorde am Cader vu Bartreng beweegt sech.
An d'Stad Lëtzebuerg huet ons och erëm e grousszügege Subside iwwerwisen.

E besonnesch grousse Merci gét och un déi Leit, di bei mi traurege Gelégenheeten un ZAK
geduecht hun: un éischter Platz dem Michelle Reuter an dem Martine Axmann an hire Familljen,
dénen ech op dëser Platz onst härzlecht Bäileed zum Doud vun der Madame Maisy Reuter wëll
ausspriechen. Dann dem Här Kremer, dé beim Doud vum Handballtrainer Peter Brixner en Don
fir ZAK initiéiert huet, an der Madame Josiane Schummer, di beim Doud vun hirer Mamm un ZAK
geduecht huet. An e ganzt schéint Evenement gouf et awer och: d'Gebuert vum klenge Lena
Goldschmidt! Villmols merci dem Patrick Goldschmidt a senger Famill fir dé léiwen Don!

Vill Leit hun och dës Kéier erem dozou bäigedroen, dass ZAK seng Aktivitéite konnt ënner gudde
Bedengungen ofhaalen. Niewt der finanzieller Hëllef frée mir ons och iwwert di logistesch
Ennërstetzung vu ville Säiten.Mir soen e grousse Merci dem Lycée technique Michel Lucius, der
International School an dem Service des sports vun der Stad Lëtzebuerg, di ons hir Infrastrukturen
fir onsen Training zur Verfügung stellen, der Gemeng Miersch, well mer regelmässeg an der Hal
Krounebierg därfe spillen, an all déne leíwe Leit, di des Infrastrukturen betreien an ëmmer
hëllefsbereet sinn. Merci och dem Madeleine Kayser fir seng tatkräfteg Ënnerstëtzung bei all onsen
Aktivitéiten an der Stad Lëtzebuerg!

Merci der Firma FRAIKIN, di ons fir ons Marche eng Camionnette geléint huet!
Merci déne verschiddene Baskets-Veräiner, di ons op flott Frëndschaftsmatcher invitéiert hun, bei
dénen ons Spiller vill Spaass haaten.E grousse Merci geet och un d'Dany Jacoby an un d'Maggy
Decker, di am Januar op e super flotten Karaoke-Mëtteg invitéiert haten!Ech wees, dass ech mech
vu Joer zu Joer widerhuelen, méé ech wëll och dës Kéier onse Bénévolen e besonnesch decke
Merci ausschwetzen. Ouni hiren Engagement kéinte mir net schaffen, a mir sinn immens frou,
dass bei all onsen Evenementer emmer genug Leit dô sinn, di eng Hand mat upaaken. Dat hu mer
besonnesch bei der Marche populaire gesinn, wou wirklech alles super geklappt huet. Mir ginn och
vu villen aanere Cluben dodremm beneid. Dofir mäi rituelle Saatz: Villmols MERCI, ouni Iech geet
näischt!

Mäin allergréisste Merci geet un ons jonk a manner jonk Fräiwelleg, di sech fir ZAK asetzen an e
gudden Deel vun hirer Fräizäit hierginn. Merci dem Antoinette an all onse Partner fir d'Ënnerstëtzung
beim Basket, dem Nicole, Micky a Laurence, di de Fitness dirigéieren, merci dem Tania, dat den
TÔSÔ X leet, wou och emmer méi Mammen ze gesi sinn; merci all dénen, di Mettwochs beim
Schwammen dobäi sinn a merci der Basketstrainerin an hiren Assistenten!

Dann och Merci dem Gin an dem Christophe fir den Entretien vun onsem Site, dem Gin och fir di flott
Kalenneren a Fotobicher an den Design vun onsen T-shirten a Gadgeten! Dem Adi merci fir seng Hëllef
bei der Organisatioun vum Keltenhaus-Weekend! Merci och un d’Membere vum Conseil, di mat vollem
Asaatz a gudden Ideen dobäi sinn! Dir kritt et net emmer mat, mée hannert de Kulissen gett zimlech vill
discutéiert, geplangt, gemailt a geschafft. An e ganz grousse Merci un ons Trésorière Sylvie Schon an
hir Assistenten, d'Réviseurs de caisse Fabrice Bailly an Guiseppe Sulli; mir maachen hinnen d'Liewen
net emmer einfach!Mir wellen awer och un all déi denken, di dëst Joer mat Gesondheetsproblemen ze
kämpfen haten. Mir wenschen hinnen alles Gudds an hoffen, dass si ganz séier erem ganz gesond ginn!”

DFP présente ensuite les nombreux projets de ZAK pour l'année 2017.

Elle remercie chaleureusement tous les membres de ZAK et tous les bénévoles qui ont contribué à faire
de l'année 2016 un succès pour l'association.

A la fin de son discours, la Présidente demande à l'Assemblée générale d'accorder la décharge à la Trésorière
et au Conseil d'administration. La décharge est accordée à l'unanimité.

DFP remercie les membres présents pour leur confiance, réitère ses souhaits pour une excellente année 2017
et invite tous les participants à déguster les traditionnels Fritten, Ham an Zalot.

L'Assemblée générale est close.

ZAK! - Sitemap