E Samschdeg, den 13. Juni 2026 hu bei guddem Wieder um Stadion zu Dikrech eng ronn 50 ZAK-Draachen bei “NOSL meets Zak!” matgemaach. Nom Warm-Up mat TôsôX hunn eis Sportler zesumme mat Schüler aus dem Nordstad-Lycée 12 Statiounen, bei deenen d’ Zesummeschaffen an der Equipe an de Spaass am Vierdergrond stoungen, gemeeschtert. Um Schluss kruten déi 3 bescht Equippen esou wéi déi zwou Kannerequippen e klénge Präis. Et war en Dag voller Freed a Fairplay. Natierlech ass esou en Dag nëmmen ze organiséieren, wa vill Leit eng Hand mat upaken. Dëst Joer krute mir bei der Organisatioun vun de Spiller Ënnerstëtzung vun enger Ofschlossklass aus dem LTPES vu Miersch. Mir soen all Eenzelen, deen zum Geléngen vun dësem Dag bäigedroen huet, e ganz grousse MERCI.